Invité vun der Redaktioun (5. Januar) - Tom Haas2026 bessert Joer fir d'Lëtzebuerger Ekonomie

Pierre Jans
E Méindeg de Moie war d'Ekonomie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Tom Haas
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den nationale Statistik-Institut ass zouversiichtlech, dass 2026 e Joer vun enger moderater Reprise wäert ginn. Déi zweet Hallschent vum leschte Joer huet déi negativ Impakter op d’Wirtschaft aus der éischter Hallschent kompenséiert. D’Inflatioun geet dëst Joer wuel erof an eng Indextranche kéim am Summer. Dat sot den Tom Haas e Méindeg de Moien am RTL-Interview.

Den Direkter vum Statec huet erkläert, dass ee vun 1,7 Prozent Wuesstem dëst Joer ausgeet. Dat wär besser wéi déi 3 Joer virdrun, awer méi schlecht wéi déi 3 Prozent aus de leschte Joerzéngten. Dat léich u strukturelle Probleemer an der demographescher Entwécklung, esou den Tom Haas. Et wäert senger Meenung no schwéier ginn, fir jeemools rëm eng Kéier op déi 3 Prozent Wuesstem ze kommen. Fir 2027 wär een de Previsiounen no ëmmerhin nees iwwer 2 Prozent Wirtschaftscroissance.

Op der Bourse wär et zejoert iwwerraschend gutt gelaf. Ma och wann den Impakt vun den US-amerikaneschen Douanestaxe mat Handelsaccorden tëscht den USA an anere Länner, grad ewéi och der EU, konnt reportéiert ginn, e kéim awer. An e wäert net positiv sinn, gëtt den Direkter vum Statec ze bedenken. D’Fro wär, wéi grouss den negativen Impakt gëtt.

Wéinst den ongewëssen Zäite rechent de Statec jo ëmmer e puer Zenarie vir, och ee pessimisteschen. Dee kéint Realitéit ginn, wann d’Bourssen nees manner gutt lafen, sollt d’Vertrauen an Politik an d’Wirtschaft vun den USA nees verluer goen, esou den Tom Haas.

Entwécklungen, déi d’Leit awer kënne positiv stëmmen, wieren zum Beispill d’Zënsen, déi méi niddreg gi sinn.

Hausse beim Emploi

Genee ewéi d’wirtschaftlech Aktivitéit wäert och den Emploi nees zouhuelen, esou den Tom Haas. Déi positiv Entwécklung hätt sech déi lescht Méint ugedeit.

Mat méi Aktivitéit um Aarbechtsmarché kann een op d’mannst emol de Chômagetaux stabiliséieren. De Statec geet vun enger Baisse vun den aktuell 6 Prozent erof op 5,8 Prozent Aarbechtslosegkeet aus fir dëst Joer. A 5,7 Prozent 2027.

Den Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Beruffswelt ass net ze ënnerschätzen. E kënnt séier. Aus enger Statec-Etüd geet ervir, dass 90 Prozent vun de Beruffer wäerte betraff sinn. Ma an de meeschte Fäll, bei 55 Prozent, wäert d’KI d’Leit bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Do wäert se e positiven Impakt hunn.

An der selwechter Etüd schreift de Statec awer, dass et fir knapps 15 Prozent vun den Tâchen de Risiko géif, dass se automatiséiert ginn. Doduerch géif et dann e Bremseffekt op den Emploi ginn. D’Medail vun der Kënschtlecher Intelligenz huet eben zwou Säiten.

Budgetspolitik vun der Regierung

D‘Budgetspolitik vum Staat ass immens ofhängeg vun der konjunktureller Situatioun. Et kann awer och sinn, wéi déi lescht Joren, dass de Staat kuerzfristeg gutt Recettë generéiert, obwuel et wirtschaftlech manner gutt gelaf ass, huet den Tom Haas erkläert. Mä laangfristeg a strukturell misst ee mat manner Croissance rechnen an ergo och manner Steierrecetten, wa keng Adaptatioune gemaach géifen.

Dat huet den Direkter vum Statec Tom Haas op d’Fro geäntwert, ob d’CSV-DP-Regierung hire finanzielle Moyenen no handelt. En Dënschdeg annoncéiert de Finanzminister jo d’Individualiséierung vun de Steieren. Eng Reform, déi ronn eng Milliard Euro pro Joer soll kaschten. Mä 350 bis 400 Millioune kéimen als nei Recetten duerch d’Pensiounsreform, also d’Hausse vun de Cotisatiounen, eran, esou den Tom Haas.

Méi niddreg Inflatioun

Dem Tom Haas no kann ee fir 2026 mat enger relativ niddreger Inflatioun rechnen. De Statec geet vun annerhallwem Prozent aus. Enn dës Jores louch den Taux vun der Präisdeierecht nach no bei 3 Prozent, iwwer dat ganzt Joer gekuckt eppes iwwer 2 Prozent. Ee Grond fir déi Baisse wieren Hëllefe vum Staat bei den Energiekäschten. Mëttelfristeg wäert d’Inflatioun hei zu Lëtzebuerg sech bei 2 Prozent apendelen, esou den Tom Haas. Dat ass jo och d’Zil vun der Europäescher Zentralbank. déi hätt de Problem vun der héijer Inflatioun dem Statec-Direkter no an de Grëff kritt.

Iwwer den automatesche Lëtzebuerger Mechanismus ass déi nächst Indextranche fir de Summer, also dat drëtt Trimester virgesinn.

Invité vun der Redaktioun: Tom Haas

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO