
Mäin Zil ass et, d’Saachen am nächste Joer besser ze maachen: Dat sot de Premier Luc Frieden am traditionellen Neijoerschinterview mam Caroline Mart. De Regierungschef betount allerdéngs, datt hien weiderhin un de Mesure fest hält, déi seng Regierung am leschte Joer ëmgesat huet. Aner Sujeten waren ënnert anerem och déi intern Stréimungen an der CSV oder och d’Relatioune mam Koalitiounspartner.
Am Interview vun annerhallwer Stonn huet de Luc Frieden dann och nach op esou munch Fotoen a Posten op de soziale Medie reagéiert, an och op d’Feierlechkeete ronderëm den Trounwiessel zréck gekuckt.