Éischt Gebuert vum JoerUm 0.25 Auer ass de klenge Santiago op d'Welt komm

Tom Nols
Kuerz no Mëtternuecht ass dat éischt Kand vum neie Joer gebuer ginn. De Santiago a seng glécklech Eltere si gesond a monter.
De Santiago Da Silva Rodrigues ass dat éischte Kand, dat 2026 hei zu Lëtzebuerg op d'Welt komm ass.
De Santiago ass dat éischte Kand, dat 2026 hei zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass.
© René Pfeiffer - rtl.lu

Dat neit Joer war sou just 25 Minutten al, wéi um Kierchbierg an der Klinik Dokter Bohler dat éischt Kand am neie Joer op d’Welt komm ass.

De klenge Santiago huet um 0.25 Auer d’Liicht vun der Welt erbléckt an ass 2.380 Gramm schwéier. De Bëbee a seng Eltere si gesond a monter.

D’Ekipp vun RTL gratuléiert, a wënscht e rouege Schlof :)

Back to Top
CIM LOGO