
Zu engem éischten Accident koum et e Freideg den Owend géint 18.45 Auer zu Dikrech an der Rue de Stavelot. Bei der Kollisioun tëscht zwee Autoen sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Kuerz Zäit drop, géint 19.25 Auer, sinn um CR144 tëscht Éiter a Kanech nach emol zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Zwee Blesséierter goufen et dann nach emol géint 20.30 Auer bei engem Accident mat engem Auto tëscht Housen an Uewereesbech.
E gréisseren Asaz fir d’Secouristen gouf et dann nach e Freideg den Owend zu Bieles géint 23.20 Auer: Den Daach vun engem Haus an der Rue des Alliés hat Feier gefaangen, véier Leit goufe blesséiert. D’Rettungsekippen aus der ganzer Ëmgéigend ware mobiliséiert ginn an och de SAMU war op der Plaz.
Um kuerz viru Mëtternuecht ass op der Areler Strooss tëscht Mamer a Capellen dann nach ee Motocyclist gefall a gouf blesséiert.