CGDIS-BulletinVéier Blesséierter bei Accidenter uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufen e Samschdeg de Moien op véier Accidenter geruff, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
© Jeannot Ries

Wéi de CGDIS a sengem Bulletin vun e Samschdeg de Moie mellt, ass géint 3.23 en Auto an der Rue du Commerce zu Keel accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippe vu Keel versuergt.

Kuerz no 5 Auer huet et iwwerdeem am Tunnel Albert Bousser tëscht zwee Autoe gerabbelt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad.

E weideren Asaz gouf et fir d’Rettungdéngschter aus der Stad géint 5.40 Auer um Boulevard de Kockelscheuer, wéi e weideren Auto accidentéiert ass. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt.

Donieft gouf eng Persoun blesséiert, wéi géint 10.48 Auer tëscht der Schleef an Nidderwampech e Bus an de Gruef geroden ass. Am Asaz waren d’Ambulanciere vu Wolz, souwéi d’Pompjeeë vu Wanseler a vu Wëntger.

Back to Top
CIM LOGO