
Et war géint 16:45 Auer, wéi d'Rettungsdéngschter vu Schëffleng, Suessem-Déifferdeng an den Escher SAMU op d'Penetrante Lankelz geruff goufen. Hei war e Foussgänger ugestouss ginn. Weider Detailer ginn net genannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Kuerz virun 18:30 Auer huet et um CR122 tëscht Blaaschent an Amber gerabbelt. Een Auto war an deen Accident verwéckelt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Jonglënster, Lëntgen a Steesel, grad ewéi d'Ambulanz vu Jonglënster an de Stater SAMU. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.
Ee Blesséierten och kuerz virun 19 Auer no engem Accident um CR127 tëscht Manternach a Berbuerg. D'Pompjeeë vu Manternach an d'Ambulanz vu Mäertert waren op d'Plaz geruff ginn.
Um 22:43 Auer goufen d'Rettungsservicer dann op d'Nationalstrooss 7 op Maarnech-Bombatsch geruff. Och hei war een Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. D'Pompjeeë vu Clierf an Housen waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Ëlwen an den Ettelbrécker SAMU. Eng Persoun gouf blesséiert.