Kuerz no 10 Auer sinn zu Bieles an der Rue de l’Usine zwee Autoen anenee gerannt. Zwou Persoune goufe bei deem Accident verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.
Kuerz virun 11 Auer dunn gouf et en Accident tëscht zwee Autoen am Rond-point Rue de Belval / Liason Micheville. Och hei mellt de CGDIS zwee Blesséierter. D’Pompjeeë vun Esch waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vu Beetebuerg an aus der Stad. Duerch deen Accident war nawell vill Dreck an de Rond-point geroden an dësen huetkuerz fir Botzaarbechte musse komplett gespaart ginn. Kuerz no 11 Auer koum awer Entwarnung vun der Police, dass dësen nees op wier.