
Enger Policepatrull war e Méindeg den Owend zwee Männer op der Stater Gare opgefall. Ee vun hinnen hat e wäisse Géigestand an der Hand, bei deem de Verdacht bestoung, dass et sech ëm Drogen handele kéint. D’Polizisten hunn déi zwee du kontrolléiert, woubäi bei engem vun hinnen divers Pëllen an Droge séchergestallt goufen. Domadder awer net genuch. Et soll sech erausstellen, dass et en europäeschen Haftbefeel géint de Mann gouf. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an um Dënschdeg de Moien hat e Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Alkohol um Steier
An der Nuecht op en Dënschdeg krut d’Police en Automobilist zu Péiteng gemellt, deen am Zickzack ënnerwee wier. Dat war géint 23.30 Auer. Eng Policepatrull konnt den Automobilist kuerz drop stoppen an en Alkoholtest maachen. Deen ass positiv ausgefall, wat negativ Konsequenzen hat. De Fürerschäi gouf agezunn.