
Op dëser Plattform kënnen d’Leit mellen, wa se mengen iergendwou Cyanobakterien, also Bloalgen entdeckt ze hunn. Ënnert anerem kann een do Fotoen eroplueden.
Am offizielle Communiqué gëtt nach emol rappelléiert, datt Bloalge potentiell Gesondheets-Riske fir Mënsch an Déier mat sech bréngen an och d’Ëmwelt negativ kënne beaflossen.
