DikrechAirsoft-Waffen a Weltkrichsmunitioun a Recyclingpark entsuergt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie krut d'Police e ganze Koup Waffen a Krichsmunitioun an engem Container vun engem Recyclingspark zu Dikrech gemellt.
© Police Lëtzebuerg

Effektiv hat hei eng Persoun Waffen, bei deenen ee vun Airsoft-Waffen ausgeet, a Weltkrichsmunitioun entsuergt. Am weidere Verlaf vun der Enquête konnt déi schëlleg Persoun ermëttelt ginn. Bei dëser gouf op Uerder vum Parquet d’Haus duerchsicht, woubäi weider Weltkrichsmunitioun, sëllege Softair-Pistoule mat entspriechender Munitioun a Pefferspray saiséiert goufen. D’Krichsmunitioun gouf vum Service déminage vun der Arméi entsuergt.

Back to Top
CIM LOGO