Konferenz vum CePAS iwwer Jonker an d'KIWann d'Kënschtlech Intelligenz de beschte Frënd gëtt

Dany Rasqué
"Mäi Frënd ass e Roboter", esou oder esou änlech Sätz kritt de Pedopsychiater a Familljentherapeut Dokter Emmanuel Thill méi dacks a senger Praxis ze héieren. Hie war e Mëttwoch fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg, déi de CePAS elo wärend de Semaines de la santé mentale organiséiert hat.
Jonker gräifen ëmmer méi dacks op d'KI zeréck. Problematesch gëtt et, wann den Chatbot op eemol de beschte Frënd gëtt.

Konferenz CePAS iwwer Jonker an d'KI / Reportage Dany Rasqué

Am Mëttelpunkt vun der Konferenz vum CePas stoungen déi Jonk an hiren Ëmgang mat der Kënschtlecher Intelligenz. Esou schlëmm wéi a Südostasien ass d'Situatioun an Europa net. A Japan, zum Beispill, hëlt d'Kënschtlech Intelligenz eng Roll an, déi engem misst ze denke ginn.

Den Dokter Emmanuel Thill: "Et gëtt Leit, déi sech souguer mat hirer KI bestueden, oder déi komplett virtuell Personnagen erschafen, mat deene si absolut alles an hirem Liewen deelen. Ech hoffen, datt mir an eiser europäescher Kultur hei net esou wäit ginn, awer mir mussen trotzdeem déi Jugendlech an d'Eltere sensibiliséieren, fir net ofhängeg vun der KI ze ginn."

Den Emmanuel Thill well d'Kënschtlech Intelligenz op kee Fall verdäiwelen. A ville Fäll kéint se hëllefen. Zum Beispill bei Aufgaben an der Schoul, bei der Sich no Informatiounen oder wann een eng nei Sprooch wëll léieren.

Méi problematesch gëtt et, wann den Chatbot op eemol de beschte Frënd gëtt.

"Dräi vun zéng Jugendlecher, also dach bal en Drëttel vun de Jugendlechen, froen d'KI ëm Rot, schwätzen iwwer Froen aus hirem Liewen, zum Beispill iwwer Froe ronderëm hir Bezéiung – ob ech mat menger Frëndin zesumme bleiwe soll, wat ech an dëser oder där Situatioun vu Spannungen oder Konflikter mat engem Frënd maache soll. Dat ass also eng Nofro no emotionaler Ënnerstëtzung, no emotionalem a Bezéiungsrot."

D'Äntwerte vun der KI si mol dacks guer net sou domm, fënnt den Dokter Emmanuel Thill, mä se kënnen anengems geféierlech sinn, well se méiglecherweis net dem Alter ugepasst sinn. Dobäi kënnt och, datt d'KI engem just schéi schwätzt an alles gutt fënnt wat ee mécht.

"Wat bei eisen echte Frënn am richtege Liewen jo net de Fall ass. Eis richteg mënschlech Frënn si kapabel ,eis ze soen: 'Kuck emol, do hues de eppes gemaach, wat dir guer net gläicht, du hues dech e bësse vun dengem Liewenswäert distanzéiert, deen dir wichteg ass.' D'KI wäert dat ni maachen, ausser et programméiert ee se e bëssen anescht. Awer wa se par défaut agestallt ass, confirméiert se a riskéiert de Jugendleche schlussendlech an enger Bezéiung anzespären, déi een eng parasozial Bezéiung nennt. Dat heescht eng komplett gefälscht Bezéiung, déi et fir de Jugendlechen ëmmer méi schwéier mécht, sech am richtege Liewen an a richtege Bezéiungen z'engagéieren."

Verhënnere kéint een dat am Beschten andeems ee mat deene Jonke schwätzt ouni se ze jugéieren, seet de Pedopsychiater a Familljentherapeut. Vill Eltere géifen ignoréiere wéi vill Zäit hir Kanner mat der KI verbréngen an datt verschiddener en Chatbot fir eng Frëndin oder e Partner halen.

D'KI mat engem Mënsch verwiesselen, dat kann och Erwuessener passéieren. Dat wier sou an eiser Gesellschaft, wou vill Leit eleng sinn, seet den Dokter Thill. Grad vun eelere Leit hätt hien héieren, datt si mat enger kënschtlecher Intelligenz géife kommunizéieren.

Back to Top
CIM LOGO