
D‘Regierung schätzt d‘Warscheinlechkeet, datt et hei am Land gréisser Bëschfeier ginn, als relativ grouss an. An dee Risiko wier duerch méi heefeg extreem Wiederkonditiounen, wéi Canicullen an Dréchenten, nach weider geklommen, sou den Inneminister Leon Gloden a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Gréngen-Deputéierten Meris Sehovic. Dëst wier d‘Resultat vun enger rezenter Risiko-Evaluatioun.
Aktuell géifen och Gespréicher tëscht dem CGDIS an der Duechterfirma vun der Cargolux lafen, déi eng Flott u Läschfliger bedreift. D‘Zil ass et eng Konventioun auszeschaffen, an där festgehale gëtt, wéini dës Fliger och hei am Land kéinten an den Asaz kommen.
Hei de Link fir direkt bei déi parlamentaresch Fro an Äntwert ze kommen!