Ausbléck op 2026 zu LëtzebuergWat ännert alles am neie Joer?
Jeannot Ries
An de Beräicher Geld, Mobilitéit a Gesetzer kommen 2026 munch deels erfreelech Ännerungen op eis duer.
Update: 29.12.2025 13:43
Wat ännert alles am neie Joer?
Ausbléck op 2026
Geld
De Statec rechent dermat, dat déi nächst Indextranche am drëtten Trimester vum neie Joer erfält. Domat gëtt d’Präisdeierecht ausgeglach. Paien a Pensioune ginn dann ëm 2,5 Prozent erop.
D’Rentner kënne sech elo scho freeën. D’Pensioune gi revaloriséiert a klammen op den 1 Januar ëm 1,5 Prozent. Dat si 45 Euro, fir eng Rent vun 3.000 Euro. D’Regierung plangt eng degressiv Aide fir Senioren.
Manner deier misst d’Elektresch ginn, well de Präis vum Stroum u sech erof geet, an de Staat d’Netzkäschten iwwerhëlt.
Méi deier wäerten awer Bensinn an Diesel ginn. D’CO2-Tax geet nees erop, wat un der Pompel e plus vun ongeféier 1,5 Cent de Liter ausmaache misst.
Méi bezuele wäert een an Zukunft och fir kleng Päck, déi aus Drëttstaate kommen. Vum 1. Juli 2026 u kënnt an der ganzer EU eng Tax vun 3 Euro de Colis.
Bezuele wäerte mer an Zukunft mat Mënzen, op deenen de Kapp vum neie Grand-Duc Guillaume ass.
Mëtt Januar kommen déi éischt “Defence Bonds” eraus. Staatsobligatiounen, iwwer déi d’Lëtzebuerger Verdeedegungsprojete finanzéiert ginn.
Mobilitéit
Op der A3, der Diddelenger Autobunn, wäerten d’Radaren, déi de Covoiturage op der drëtter Spuer kontrolléieren, schaarf gestallt ginn.
Direkt niewendru gëtt d’ganzt Joer iwwer weider um Bau vun der Zuchstreck geschafft. Wat nees, besonnesch an de Vakanzen, en Impakt op den Trafic wäert hunn.
Um Kierchbierg wäert iwwerdeems den Ausbau vum Tram weider lafen.
Vum 1. Januar un gëtt d’Autosversécherung digital. Nieft der traditioneller grénger Kaart, kann een eng digital Versioun op den Handy lueden.
Nei Gesetzer
Kuerz virun der Chrëschtvakanz gestëmmt, wäert dat neit Gesätz iwwer Ouvertureszäiten am Handel a Kraaft trieden. An der Woch kënne Geschäfter da vu Moies 5 bis Owes 21 op hunn, de Weekend bis Owes 7. Sonndes kënnen d’Geschäfter 8 Stonnen opmaachen.
A Kraaft trëtt och d’Rentereform. Mat als Konsequenz, datt d’Cotisatiounen ëm 1,5 Prozent erop ginn. Opgedeelt op Employé, Patron a Staat. Fir datt eng Carrière komplett ass, ziele vum 1. Juli 2026 un net méi just 40 Joer. D’Zäit klëmmt progressiv. Zum Beispill ee Mount, fir Leit déi bis Enn 2026 a Pensioun ginn. 2030 wäerten et aacht Méint méi sinn.
Ugangs vum Joer wäert d’Regierung och déi geplangt Steierreform am Detail virstellen.
Fir Schoulrentrée 2026-27 wäert et ee grousst Changement ginn. D’Schoul gëtt obligatoresch bis 18 Joer. Bis elo waren et 16. An d’Eltere kréien de Choix, ob hiert Kand op Däitsch oder Franséisch Liesen a Schreiwe léiert.
Um Enn och nach eng gutt Nouvelle fir ons Ëmwelt. Weider Géigestänn aus Plastik, déi just eemol benotzt ginn, gi verbueden. Fir manner Plastik-Dreck ze produzéieren.