Ee Joer nom Accident op der N15Wat geschitt no esou enger Tragedie?

Tim Morizet
Fënnef Leit koumen den 1. September 2025 bei engem schwéieren Accident op der N15 tëscht Feelen an Heischent ëm d'Liewen. Relativ séier war de penalen Dossier zou, déi zivil Suitte kënnen awer weiderlafen. Gläichzäiteg goufen d'Sécherheetsmesuren op der Streck verstäerkt.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Accident op der N15 war de gravéierendsten op de Lëtzebuerger Stroossen zanter iwwer 30 Joer. Bei enger Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer sinn den 1. September 2025 fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm.

Mee wat geschitt eigentlech no esou engem Accident, wann d'Asätz op der Plaz eriwwer sinn? Nieft der Enquête iwwer d'Ursaach kommen eng Rei juristesch, zivilrechtlech an och verkéierssécherheetstechnesch Schrëtt an d'Rullen.

Penalen Dossier zou – ziville Volet leeft weider

Juristesch misst een tëscht zwee Voleten ënnerscheeden, erkläert de Michaël Federici, Direkter vun der Association nationale des Victimes de la Route (AVR): dem penalen an dem ziville Volet.

Am konkrete Fall vun der N15 ass déi éischt Fro relativ séier gekläert ginn. Well all déi direkt implizéiert Persoune beim Accident gestuerwe sinn, kënne keng penal Suitte méi géint eng Persoun ageleet ginn. De Parquet huet den Dossier dowéinst ad acta klasséiert.

„Dat heescht net, datt um Volet civil näischt geschitt“, betount de Federici. Do geet et ënner anerem ëm méiglech Entschiedegunge fir Familljememberen. Déi Froen ginn tëscht den Assurancë gereegelt – entweder amiabel oder, wann néideg, viru Geriicht.

Och wann et keng penal Suitte gëtt, bleift d'Klärung vum Accident wichteg. D'Familljen, Affekoten an Assurancë kënnen Informatiounen aus dem Procès-verbal kréien.„D'Responsabilitéit muss ëmmer gekläert ginn, esou wäit et nëmme geet“, erkläert de Federici. Engersäits fir d'Familljen, déi wësse wëllen, wat geschitt ass, anerersäits fir aus engem Accident Konsequenze fir d'Sécherheet ze zéien.

Accidenter ginn an engem Aarbechtsgrupp analyséiert

Parallel dozou gëtt gekuckt, ob op der betraffener Strooss Handlungsbedarf besteet. Dofir gëtt et e „Groupe de travail – Audit de sécurité“ ënnert der Leedung vun de Ponts et Chaussées. Nieft Stroossenexperte sinn do ënner anerem d'Police, d'Sécurité routière an d'AVR vertrueden.

Hei ginn awer net nëmme besonnesch schwéier Accidenter analyséiert. Et gëtt och gekuckt, op wéi enge Plazen sech Accidenter heefen a wou eventuell wat punkto neien Infrastrukturen oder aner Mesurë néideg ass.

Den Accident op der N15 gouf wéinst senger Gravitéit prioritär traitéiert. „An deem heite Fall huet de Grupp dozou gefouert, datt eng Demande gemaach gouf, fir do e Radar ze installéieren“, esou den Direkter vun der AVR. D'Haaptzil wier et gewiescht, d'Vitessen op der Streck erofzekréien.

Bal 2.900 Infraktiounen zanter Mëtt Mee

Zanter dem 18. Mee 2026 ass de Streckeradar op der N15 aktiv. Bis de 27. August huet en der Police no 2.869 mol wéinst ze héijer Vitesse geblëtzt.

D'Zuele sinn iwwer déi éischt Méint relativ konstant: Vun Mëtt Mee bis Mëtt Juni gouf de Radar 865 Mol de Mount ausgeléist, vu Mëtt Juni bis Mëtt Juli 821 Mol an tëscht Mëtt Juli a Mëtt August 926 Mol. Déi héchst gemoosse Vitesse louch bei 139 Kilometer an der Stonn.

Police gesäit méi niddreg Vitessen

Nieft dem Streckeradar bleift d'Police op der N15 present. Et gi Patrullen a geziilte Kontrolle gemaach, ënner anerem fir Handy um Steier oder d'Droe vum Sécherheetsgurt ze kontrolléieren. Eng exakt statistesch Ausso iwwert den Effekt vum Radar kéint een nach net ginn, heescht et vun der Police.

D'Observatioun vun de Beamten op der Plaz géif awer an eng positiv Entwécklung weisen. Allgemeng géifen déi gefuere Vitessen op der Streck méi niddreg ginn. Konkret Miessdaten, mat deenen dës Entwécklung kéint quantifizéiert ginn, leien der Police awer net vir.

Back to Top
CIM LOGO