Als éischt gëtt kontrolléiert, ob d'Wuer um Camion richteg geséchert ass. Duerno ginn d'Donnéeë vum Tachograph erofgelueden an iwwer e spezielle Programm ausgewäert. Esou kann d'Douane kontrolléieren, ob de Chauffer seng virgeschriwwe Fuer- a Rouzäiten agehalen huet. Och d'Vitess an de Verlaf vun der Faart kënnen iwwerpréift ginn.
An engem zweeten Deel vum Reportage si mir bei enger méi grousser Kontroll op der Diddelenger Autobunn dobäi.