Eng Plage an der Stad, op der Theaterplaz. Dat ass jo cool. Awer net erfrëschend. Do wär eng oppe Schwämm dat Richtegt. Just dat et där den Ament keng um Territoire vun der Haaptstad gëtt. Dofir maachen ech mech op de Wee, iwwer Land.
Am Süde kommen ech zum Beispill zu Diddeleng oder och Uewerkuer op meng Käschten. Am Oste gëtt et zu Réimech, respektiv Gréiwemaacher eng Erfrëschung. An Direktioun Norden, do gëtt et den Aqua Park zu Beefort oder och d’Piscine vun Ëlwen.
Schéin a gutt. Ma wou solle sech d’Stater Leit ofkillen?
Virun iwwer 100 Joer war de Bisserwee am Gronn den Hotspot. Do gouf 1905 Kapp iwwer an d’gestauten Uelzecht gesprongen.
Spéider, 1934, gouf e puer Kilometer méi wäit d’Gantebeensmillen zur beléifter Plaz fir d’Fräizäit. Am Summer gouf sech an de Basenge laanscht d’Uelzecht ofgekillt. Am Wanter gouf Schlittschong gefuer.
Geschwomme gouf am leschte Joerhonnert och op der Cloche d’Or. Den Hotel mam selwechten Numm op der aler Escher Strooss hat eng ganz beléift Piscine. Mat deemools nach Vue op d’Felder.
Vill Leit huet och eng aner privat Schwämm bei engem aneren Hotel ugezunn. Zu Dummeldeng ass et dëst Joer awer roueg. D’Piscine besteet zwar nach, se ass awer aus Technesche Grënn zou.
Domat ass d’Haaptstad, mat 130.000 Awunner, ouni oppe Piscine, wat och de Serge Wilmes, Stater Schäffe fir Urbanismus an Tourismus bedauert: ''Eng ëffentlech Piscine déi och der ëffentlecher Hand gehéiert, hei an der Stad Lëtzebuerg, feelt ganz kloer. Dat si mir eis och bewosst. Mir schaffen och op engem Projet. Et muss een natierlech eng Plaz fannen. Dat ass net ëmmer evident. Et musse verschidde Critèrë respektéiert ginn. Eventuell gëtt et eng Méiglechkeet am Beräich vun der Kockelscheier. ''
Sou e Projet ass net fir Haut oder Muer. Do kënne sech d’Stater um Sprangbriet op de Kapp stellen. A beim aktuelle Wieder bleift mir just eng Conclusioun: et feelt un oppene Schwämmen.
All d’Fotoen am Reportage kommen aus der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg.