D'Chrëschtdeeg am CHLWéi gëtt sech am Spidol op d'Feierdeeg virbereet?

Marlène Clement
Wärend vill Leit d'Feierdeeg mat Famill a Frënn verbréngen, mussen anerer op Chrëschtdag schaffen. Esou och am Spidol, dat 365 Deeg am Joer, ronderëm d'Auer funktionéiere muss.
© Marlène Clement

Chrëschtbeemercher, Bullen, Stären, am Stater Centre Hospitalier ass eng méi heemeleg Stëmmung ewéi gewinnt. D’Personal léisst sech fir déi besënnlech Zäit gären emol méi speziell Saachen afale fir d’Patienten, wéi d’Elena, eng Infirmière aus der Neurochirurgie eis erzielt:

“On essaie que ce soit vraiment parfait pour eux et de leur faire oublier leur hospitalisation. En faisant un peu comme une magie de Noël dans les services avec des décorations, avec des petits chants, qu’on chante nous-mêmes.”

Chrëschtdag am Spidol / Rep. Marlène Clement

De Leo ass ee vun deene Patienten, deen d’Feierdeeg dëst Joer am Spidol verbréngt. Duerch een uergt Accident mam Vëlo ass hien eng länger Zäit hospitaliséiert. Decouragéiere léist hie sech awer net. An d’Pläng fir Chrëschtdag si scho gemaach.

“Hei gëtt et mol ee gudde Menü op Chrëschtdag, da ginn ech nach ee Kolleeg besichen, deen op der Häerzstatioun läit. An dann em 5 Auer ass eng schéi Chrëschtmass do ënnen an der Kapell.”

D’Beatrice, déi sech virun e puer Deeg d’Hëft gebrach huet, léisst et méi roueg ugoen. Heem traut si sech nach net.

“An hei leien ech an engem super Loftmatrasse-Bett, wat ech doheem net hunn. An hei kréien ech Hëllef beim Wäschen. Also ech sinn am Moment wierklech besser hei wéi doheem. Also ech sinn och frou, datt ech kann e puer Deeg hei bleiwen.”

D’Chrëschtdeeg am Spidol verbréngen, ass fir d’Orlane näischt Neies méi. Si schafft zanter 13 Joer als Infirmière am Service vun der Traumatologie a Chirurgie vasculaire. An deenen 13 Joer ass et eemol virkomm, datt si fir d’Feierdeeg doheem war:

“Dat bedeit, datt ee sech ëmorganiséiere muss an der Fräizäit. Dat heescht, oft schléift een dann och vill manner, fir bëssen awer mat senger Famill kënnen ze profitéieren. Soss bedeit et einfach och, sech allgemeng anescht ze organiséieren. Awer och fir eis Patiente bedeit dat, datt awer een do ass, fir si och.”

A wann nieft all den Tâchen nach e wéineg Zäit iwwereg bleift, da gëtt sech och an den Ekippene Moment Zäit zesumme geholl.

Back to Top
CIM LOGO