Äiseg TemperaturenWéi ginn d'Sans-abrie mat der Keelt ëm?

Céline Eischen
Wéinst dem Schnéi an de Minus-Temperature wäerten déi Meescht léiwer dobanne bleiwen. Mee wéi ginn d'Sans-abrie mat dëse Konditiounen dobaussen ëm?
Wéi ginn d'Sans-Abrisen mat der Keelt ëm?
Wéinst dem Schnéi an de Minus-Temperaturen wäerten déi Meescht léiwer dobanne bleiwen. Mee wéi ginn d’Sans-Abrisë mat dëse Konditiounen dobaussen ëm?

Éischt Ulafplaz ass fir vill d’Wanteraktioun. Um Findel fannen tëscht 250-300 Leit Plaz, mee virun néng Auer muss all Mënsch eraus. Déi meescht Sans-abrië géifen sech duerno Richtung Stad maachen. Ee beléiften Treffpunkt ass ënner anerem de Bistro Social bei der Badanstalt, hei begéine mir de 26 Joer ale Boudjema, deen eréischt zanter engem Mount zu Lëtzebuerg ass:

Boudjema: Il fait froid, beaucoup froid. Il n’y a pas de travail, il n’est pas payé.

Ma och mat Aarbecht ass d’Situatioun alles anescht ewéi einfach. De Khaled schafft als Plongeur gréisstendeels an der Nuecht, daagsiwwer sicht hien no Plazen, fir sech waarm ze halen.

Khaled: Je travaille dans la nuit. Et quand je finis le travail, je reste dehors jusqu’à 7h30, quand la Bibliothèque Nationale ouvre, je repose un peu là, 4h, 5h tranquillement, et après j’achète des trucs à Auchan et je commence le travail. J’ai pas le choix, parce que je veux pas perdre mon travail.

Trotz Aarbecht wunnt hien op der Strooss. Dës Woch hat hie Chance, wéi hie seet a fir eng Woch iwwert ee Kolleeg ee Bett zur Verfügung gestallt kritt.

Khaled: Je cherche le logement, il n’y a pas. Vous savez, ici c’est très compliqué, même à côté Athus ou bien près de la frontière de France, il n’y a pas. Il faut un contrat, il faut deux mois caution. Dans le train, oui, je dors, trajet Luxembourg-Athus, ça je fais aller-retour, aller-retour.

Trotz senger däreger Situatioun ass et dem Khaled wichteg, positiv ze bleiwen.

Khaled: Dans le futur, mieux, toujours mieux. Ça passe, le dur, ça passe. Cinq ans, ça passe.

Journaliste: Tu as de l’espoir, pour ton futur?

Khaled: Oui, oui, sûr et certain. Sûr et certain.

Back to Top
CIM LOGO