SpuenienWéinst Streik vu Buedempersonal kann et an der Ouschtervakanz zu Verspéidunge kommen

RTL Lëtzebuerg
De Streik beim Buedempersonal a Spuenien bleift wärend der Ouschtervakanz en Thema.
Archivfoto
© Christophe Hochard

Wärend verschiddenen Deeg kann et deemno zu Verspéidunge bei Flich kommen. Betraff sinn d'Destinatioune Barcelona, Mallorca, Las Palmas (Gran Canaria), Malaga a Valencia. Dat gëllt souwuel fir Departe wéi och fir Retouren.

Déi betraffe Clientë vu Luxair a LuxairTours kréie méiglech Modifikatiounen direkt matgedeelt, dat via d'Coordonnéeën, déi se bei der Reservéierung uginn hunn. Et ass den Opruff, dass d'Passagéier op de betraffene Fluchhäfen a Spuenien op d'mannst dräi Stonne virun hirem Vol sollen op der Plaz sinn. Et kann zu längeren Attente kommen.

Natierlech sinn och aner Fluchgesellschafte vum Streik a Spuenien betraff. Deemno soll ee sech egal wéi viru senger Rees informéieren.

Travel Notice
Schreiwes vun der Luxair


Artikel vum 26. Mäerz 2026

Back to Top
CIM LOGO