Iwwer d'OuschtervakanzA Spuenien streikt d'Fluchhafe-Buedempersonal - Luxair mellt sech zu Wuert

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland warnt den Ausseministère schonn: vum 27. Mäerz bis de 6. Abrëll hunn eng Rei spuenesch Gewerkschaften d'Buedempersonal zu Streiken opgeruff. Och d'Luxair mellt sech zu Wuert.
© Christophe Hochard

Et kéint den Ament net ausgeschloss ginn, datt sech d’Streike vun e Freideg un och op de Fluchverkéier auswierken. Verspéidungen oder annuléiert Flich wiere méiglech, huet dat auswäertegt Amt an Däitschland matgedeelt.

Fir Lëtzebuerg huet d’Luxair huet en Donneschdeg gemellt, datt een d’Situatioun ganz genee géif suivéieren an datt een déi néideg Schrëtt géif huelen, fir Stéierungen am Fluchverkéier méiglechst ze evitéieren. Baséierend op aktuelle Pläng géif d’Luxair net erwaarden, datt d’Flich op Barcelona, Palma de Mallorca, Las Palmas (Gran Canaria) an Teneriffa géifen ausfalen, ma Verspéidunge wiere méiglech. Flich op aner Luxair-Destinatiounen a Spuenien géife wuel net impaktéiert ginn.

D’Luxair géif betraffe Clienten am Fall vu Stéierungen direkt kontaktéieren. Passagéier, déi a Spuenien vu Fluchhafe fortfléien, op deene gestreikt gëtt, sollen op d’mannst dräi Stonne virum Fluch do sinn, well et wuel zu méi laange Waardezäite wäert kommen.

Back to Top
CIM LOGO