
Wie gëtt als Successeur vum Fernand Etgen neie Vizepresident vun der Chamber? Déi Fro muss d’DP-Fraktioun beäntwerten. Déi éischt Plenière no der Wanterpaus ass zwar réischt den 20. Januar, ma déi liberal Fraktioun kënnt awer schonn en Dënschdeg de 6. Januar beieneen, fir eng Decisioun ze huelen.
Nom Réckzuch vum Fernand Etgen sëtze fir d’DP nach d’Lydie Polfer an den André Bauler am Bureau vun der Chamber, d’Corinne Cahen ass Suppleante.
Fir Vizepresident kënnen ze ginn, muss ee Member vum Bureau sinn. Fir déi fräi Plaz ka sech ausser den aktuellen zwee Membere jidderee vun deenen aneren 12 DP-Deputéierte mellen.
Dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum no ass de Poste vum Chambervizepresident mat ville Responsabilitéite verbonnen.
“Et ass awer och eng ganz representativ Aufgab innerhalb vum Land, de President vun der Chamber huet jo och vill Verflichtungen. E geet zum Beispill relativ oft an d’Lycéeën a wann en net ka goen, dann ass et un de Vizepresidenten, fir d’Chamber do ze representéieren. Et ass also net nëmmen an der Chamberplenière uewe sëtzen oder an d’Ausland d’Land representéiere goen, mee et sinn och ganz vill representativ Aufgaben zu Lëtzebuerg.”
Wie vun deene 14 liberalen Deputéierte schonn alles Interessi um Poste signaliséiert huet, wollt de Gilles Baum net verroden. Hien huet just ënnerstrach, datt hie selwer net zur Verfügung steet. Ee längere Reportage iwwert d’Sich vun der DP no engem neie Chambervizepresident héiert Dir um 17.40 Auer um Radio.