
Passend zum Optakt vun der Walcampagne werfe mer dëse Méindeg ee Bléck dorop, wéini sech d’Leit an der Vergaangenheet decidéiert hunn, wiem se hir Stëmm ginn a wat hinne besonnesch wichteg war, respektiv wat hir Grondstëmmung virun de Wale war.
Wat den Zäitpunkt vun der Entscheedung ubelaangt, sou wosste bei den Europawalen 2019 respektiv bei de Chamberwalen 2018 schonn 30 respektiv 33 Prozent vun de Leit vun Ufank un, wie se wiele géingen a jee 3 Prozent wossten et 2 Méint virdrun. Wann dat dëst Joer erëm sou ass, huet de Walkampf also op d’Decisioun vun iwwert engem Drëttel vun de Wieler keen Impakt. Bei den Nationalwalen 2018 hu sech 13 Prozent vun de Wieler ongeféier ee Mount virdrun decidéiert, 19 Prozent wärend der leschter Woch an esouguer 11 Prozent réischt um Waldag selwer. Wann ee weess, datt et grad bei de Reschtsëtz dacks op just e puer Stëmmen ukënnt, hunn d’Parteien also besser, bis zum Schluss alles ze ginn.

Datt d’Leit sech eréischt sou spéit decidéieren, huet dem Politikwëssenschaftler Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg, déi d’Etude zesumme mat der Ilres am Optrag vun der Chamber duerchgefouert huet, dräi Haaptursaachen. Éischtens géife sech virun allem d’Éischtwieler zimmlech spéit decidéieren. Zu Lëtzebuerg kommen nieft deene Jonken och nach déi Leit derbäi, déi nach net allze laang déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn. Zweetens géingen d’Leit sech ëmmer manner mat enger konkreter Partei, respektiv enger politescher Stréimung identifizéieren. An drëttens:
“C’est que la complexité des questions économiques, politiques, environnementales ou autres fait qu’il y a des électeurs et électrices, dans un contexte de vote obligatoire, ont tout simplement de plus en plus de mal à se décider.”
Wéini d’Wieler sech entscheeden ass déi eng Saach. Ma d’Parteistrateegen dierft jo bestëmmt och interesséieren, wéi d’Stëmmung bei de Leit virun de leschte Wale war?
An do gesäit een, datt d’Populatioun zimmlech gespléckt war. 31 Prozent hunn uginn, datt se zefridde wieren, respektiv et hinne gutt goe géing. Ma gläichzäiteg hunn 30 Prozent uginn, datt se mësstrauesch wieren.

Dem Politologe Philippe Poirier no zitt sech déi Polariséierung duerch dräi Gruppen. Eng Kéier ginn et eng ënnerschiddlech Bewäertung jee no Alter, jee no Revenu an jee nodeems, wou ee wunnt. Wat den Alter ugeet, sou wiere virum allem déi Eeler mësstrauesch, déi Leit, déi mat 2 Been am Liewe stinn, virun allem déi am Alter tëscht 35 a 50 Joer, sinn am zefriddensten.
Wéineg iwwerraschend schéngt et dann, datt déi Leit, déi méi verdéngen, méi zefridde sinn, wéi déi, déi manner verdéngen. Ronn 40 Prozent vun de Wieler verdénge méi wéi 6.000 Euro pro Stot. Virun allem déi Leit, déi an engem Stot wunnen, dee manner wéi 4.000 Euro verdéngt, si méi mësstrauesch. Wat een dann an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg éischter iwwerrasche kann, ass de Fait, datt et tëscht deenen eenzele Walbezierker deels grouss Ënnerscheeder ginn.
“Les plus méfiants ou les plus inquiets se trouvent surtout dans la circonscription Sud et dans la circonscription Nord. Ce qui n’est pas le cas ou beaucoup moins le cas au Centre et encore plus dans la ville de Luxembourg.”
A wat war dann dee Sujet, deen d’Leit bei deene leschte Walen am meeschten rëmgedriwwen huet?
Dat war den Dauerbrenner Logement. An et muss ee keen Hellseher sinn, fir virauszesoen, datt dat och dëst Joer rëm de Fall dierft sinn. Virun deem Hannergrond ass awer interessant, datt bei den Unhänger vun deenen eenzele Parteien zu engem gudden Deel Proprietäre sinn. Woubäi méi Leit een Haus wéi een Appartement besëtzen. Eenzeg bei den Unhänger vun deene Gréngen an deene Lénke sinn déi Leit, déi lounen, iwwerrepresentéiert.

Dës Parteie géingen also vläicht gutt drun doen, fir méi spezifesch Entlaaschtunge fir Locatairen unzebidden. Virun allem well d’Loyeren duerch déi aktuell Situatioun um Wunnengsmaart tendenziell an d’Luucht ginn. Mee natierlech bleift de Logement mat all senge verschiddene Facetten ee wichtegt Thema fir all d’Parteien.
D’Parteien hunn elo jo nach 5 Wochen, fir de Leit hir Virstellungen och zum Beräich Logement, méi no ze bréngen.
En Dënschdeg geheie mer ee Bléck op aner Aspekter vum POLINDEX.