
D'Bijoue waren e Méindeg zu Bäreldeng an der Lëtzebuerger Strooss bei Aarbechten an engem Gaart fonnt ginn. Si waren an engem Beidel, deen ënnert enger Schicht Mulch verstoppt gi war.
D'Police geet dovun aus, datt d'Bijoue geklaut goufen. Wéini a wou ass awer nach net etabléiert. Dowéinst ass et elo den Opruff, sech ze mellen, wann een eppes iwwert déi entdeckte Saache weess. All Informatioune si fir d'Police vu Walfer um Nummer (+352) 244 41 1000 oder per E-Mail u Police.WALFERDANGE@police.etat.lu.