Dräi Joer schonn ass de Mattis Noël am ACEL-Comité, fir d’lescht als ee vun den dräi Vizepresidenten. Als neie President iwwerhëlt hien elo d’Relève vum Gianni Di Paoli, deen ee Joer laang un der Spëtzt stoung an net méi fir d’Wal ugetrueden ass.
De Comité besteet aus 18 gewielte Member a vertrëtt iwwer 18 Studentencercelen aus 10 verschidde Länner. E Freideg koumen dann zwee weider Cerclen dobäi. Een aus Irland an een vu Lille. Et géingen zwar ëmmer nees méi kleng Cerclen ewechfalen, vu Gruppe vu Frënn, déi e Cercle gegrënnt hunn, mee d’Tendenz géing awer trotzdeem no uewe weisen, sot de fréiere President Gianni di Paoli.
De fréiere President huet dann am Interview besonnesch op de Pensiounsdossier zréckgekuckt, deen d’ACEL vill beschäftegt hätt. Et wier een zwar an déi politeschen Diskussioune mat abezunn, mee net onbedéngt gehéiert ginn. “Am Resultat hat een net de Courage, fir eng déifgräifend Reform ëmzesetzen, déi och deene Jonken eng Perspektiv ka ginn”, sou de Constat vum Gianni Di Paoli. Positiv wier awer, dass decidéiert gi wier, d’Studentejoer bäizebehalen.
Neie Standuert an neien Numm fir d’Studentefoire
Scho méi laang huet d’ACEL de Standuert vun der Studentefoire um Uni-Campus um Belval kritiséiert. De Site wier net gëeegent, fir d’Schüler z’empfänken. D’lescht Woch hätt een eng Entrevue mam Héichschoulministère iwwert d’Zukunft vun der Foire gehat. “Momentan hu mer dräi Standuerter an der Diskussioun. Den European Convention Center, d’Luxexpo an d’Coque”, huet den neie President Mattis Noël verroden.
Doriwwer eraus soll awer dat ganzt Konzept vun der Studentefoire iwwerschafft ginn. Et wëllt een op véier Beräicher agoen: D’Orientatioun, de Studium, d’Beruffswelt an déi Non-Formal-Bildung. Wëll een net just wëll eng Foire fir d’Studente sinn, mee fir all d’Schüler soll den Numm an Zukunftsfoire ëmgeännert ginn.
Den neien ACEL-President Mattis Noël ass dann e Méindeg RTL-Invité vun der Redaktioun.