E sëllege Gefierer hänke festDuerch de Schnéi kënnt et virun allem op den Éisleker Koppen zu Problemer am Trafic

Andy Brücker
Meteolux hat um Freideg de Moien eng Alerte erausginn, déi nach bis 17 Auer gëllt.

Et ass Wanter an et schneit. Dat ass jo am Fong dat normaalst vun der Welt. Wéi een de Moie scho gesinn huet, ass et kee Feeler, d’Leit nach emol drop opmierksam ze maachen, dass d’Stroosseverhältnisser riskéieren, méi schwiereg ze ginn. E Freideg de Moie war et virun allem d’Keelt, déi dofir gesuergt huet, dass et Plazeweis glat war. Et koum deementspriechend och zu e puer Accidenter .

Zanter 10 Auer gëllt dann elo awer och eng Warnung vu Meteolux, wéinst dem Schnéi deen erofkënnt. D’Warnung geet nach bis 17 Auer an et sinn 1 bis 3 Zentimeter Schnéi gemellt, dat haaptsächlech op den Éisleker Koppen.

© Meteolux

Et heescht deemno opzepassen, wann der mam Auto ënnerwee sidd, a wann der souguer nach d’Summerpneue sollt drop hunn, loosst den Auto am beschte stoen.

Eng Partie Gefierer sinn dann an der Mëttesstonn och hänke bliwwen, esou zum Beispill am Heischtergronn, zu Ënsber oder op der N7. Et koum och zu enger Partie Accidenter, sou zum Beispill tëscht dem Fridhaff an der Fléiber.

Back to Top
CIM LOGO