
17 Prozent méi Arrestatiounen am Zesummenhang mat Drogen, anengems awer 15 Prozent manner registréiert Drogeninfraktiounen. Dat sinn zwee Haaptchifferen aus dem Tëschebilan vum Drogendësch 2.0, deen d'Ministere Gloden, Margue, Deprez an Hahn en Donneschdeg de Memberen aus véier parlamentaresche Chamberkommissioune virgestallt huet. Dës Chiffere bezéie sech op déi éischt 10 Méint vun dësem Joer am Verglach mat där selwechter Period zejoert a betreffen d'Haaptstadregioun.
Fir den Innenminister Léon Gloden ass dat e Beweis, datt d'Regierung Neel mat Käpp gemaach huet an um richtege Wee ass. Den Aktiounsplang besteet aus am ganzen 71 Moossnamen dovunner sinn der aktuell 32 ëmgesat oder lafen als permanent Mesurë virun.
Besonnesch am Beräich vun der Police wier vill geschitt. Den Inneminister huet ënnert anerem op méi Policepresenz a méi Kontrollen higewisen. "Fir déi éischt zéng Méint vun dësem Joer sinn an der Stad 7.616 Patrulle gemaach ginn, eleng dovunner ronn 1500 am Garer Quartier, 71 Contrôle d'envergure, dovunner 30 eleng am Garer Quartier."
D'Efforten am Policeberäich ginn der LSAP als gréissten Oppositiounspartei awer net duer. Déi sozialistesch Deputéiert Liz Braz bedauert, datt d'Regierung hirer Meenung no de Fokus ze vill op Repressioun amplaz Preventioun leet.
Op enger Säit, beim Inneministère sinn ëm déi 75 % vun de Mesuren ëmgesat. An der Santé sinn et grad emol 17 % vun alle Mesuren, déi ëmgesat sinn. 12 vun 32. "Dat weist do, wou mir d'Defisen hunn, sou vill Preventioun wéi méiglech, sou vill Repressioun wéi néideg, do seet d'Regierung éischter sou vill Repressioun wéi méiglech an sou vill Preventioun wéi néideg. An dat ass awer schued, well et sinn der Meenung, dass een domadder deen heite Sujet net sou richteg ugeet."
De Procureur Général John Petry huet ënnerstrach, datt d'Drogekriminalitéit en zimmlech komplexe Phenomeen ass an dofir -a sengen Aen- och eng mulitdisziplinaresch Äntwert brauch. "Déi besteet zum Deel och aus Präventioun, muss awer och zum Deel an der Repressioun bestoen. An do ass d'Justiz natierlech een Element vun der Léisung, net déi eenzeg Äntwert, awer eng Äntwert, déi trotzdeem hir Plaz huet. Mir schaffe zesumme mat der Police. Mir mussen oppassen, datt d'ëffentlech Uerdnung respektéiert bleift. Mir kënnen net einfach nokucken a mir dierfen net den Androck entstoe loossen, datt et d'Zone de non-droit géif ginn."
De John Petry huet ënnerstrach, datt d'Justiz systematesch probéiert, de Verkaf vun Drogen ze poursuivéieren. D'lescht Joer goufen 320 Persoune verurteelt well se Droge verkaaft hunn, bis den 19. November dëst Joer waren et 240 Leit, esou de Procureur général.
Bei einfache Fäll vun Drogeverkeef géifen d'Riichter Strofe vun 12-15 Méint Prisong schwätzen. Ofhängeg dovunner, ob déi Betraffe virbestrooft sinn, kéinten dat fest Prisongsstrofen oder Strofe mat engem deelweisen oder integrale Sursis sinn.