Am LokalenZu Bäreldeng hat e Sonndeg en Auto Feier gefaangen
Wéi den 112 mellt, hat et e Sonndeg op e puer Plazen am Land gebrannt.
Autosbrand e Sonndeg zu Bäreldeng
Et blouf beim Materialschued.
Géint 16 Auer huet an der Rue de Bridel zu Bäreldeng en Auto gebrannt. Dat mellt de CGDIS. D’Pompjeeë vu Steesel-Walfer waren op der Plaz. Ob eng Persoun verwonnt gouf, geet aus dem 112-Bulletin net ervir.
En Zeien huet Fotoe gemaach an der RTL-Redaktioun se geschéckt. © RTL Moble Reporter / G. Krier

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Gebrannt hat et awer och géint 12.50 Auer zu Heeschpelt an der Haaptstrooss. Do hat et an enger Kiche geflaamt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Réiden, Rammerech, Gréiwels souwéi d’Secouriste vu Rammerech. Kengem ass hei eppes geschitt. Zu Veianen hat donieft nach eng Schminni gebrannt.