Samu war am AsazZu Féiz ass en Donneschdeg den Owend eng Persoun ugestouss ginn

Andy Brücker
Kuerz virun 21 Auer gouf an der Rue du Brill eng Persoun verwonnt.
© Laurent Weber

En Donneschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer ass an der Rue du Brill zu Féiz eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren nieft dem Escher Samu och eng Ambulanz vun Diddeleng, grad ewéi d’Pompjeeë vu Monnerech.

Weider Asätz vum CGDIS

Zwee Mol hunn d’Pompjeeë mussen eraus, well et gebrannt hat. Zu Ettelbréck war dat géint 17.30 Auer eng Poubelle an zu Duelem huet géint 20.20 Auer eng Schminni gebrannt. Blesséierter gouf et keng.

Back to Top
CIM LOGO