25 Joer Ieselsfrënn LëtzebuergZu Steesel ass de Weekend nees d'Ieselsfest gefeiert ginn

Fabienne Zwally
Schonn zanter Joerdausende begleet den Iesel de Mënsch - eng Relatioun, déi de Weekend zu Steesel gefeiert gouf.

Schonn am alen Ägypten gouf en als Aarbechtsdéier agesat, fir Laaschten ze transportéieren. Och haut nach spillt den Iesel a ville Regiounen eng Roll an der Landwirtschaft. Seng Ausdauer a seng Sécherheet beim Optrëppele maachen en dobäi zu engem zouverlässegen Aarbechter.

Zu Steesel stoungen d’Ieselen dëse Weekend am Mëttelpunkt: D’Ieselsfrënn Lëtzebuerg haten nieft der Sportshal op hiert Ieselsfest invitéiert, fir de 25. Gebuertsdag vum Veräin ze feieren. Grouss a Kleng konnten d’Déiere vun no erliewen. Dobäi goung et awer net nëmmen drëm, d’Ieselen ze heemelen an ze bestaunen. De Veräi wëll och weisen, wéi villsäiteg d’Schaffdéiere kënnen agesat ginn an op wat et bei hirer Haltung opzepasse gëllt.

Den Nicolas Schweicher, dee selwer dräi Ieselen huet, huet de Veräin 2001 matgegrënnt. Schonn 2005 an 2007 haten d’Ieselsfrënn en Ieselsfest organiséiert. Fir de ronne Gebuertsdag gouf dës Traditioun elo nees opgegraff.

D’Ieselsfrënn Lëtzebuerg schaffen och mat der franséischer Associatioun Ânes solidaires zesummen. Gemeinsam grenziwwerschreidend Projete ginn dobäi ënner anerem iwwer den EU-Fërderprogramm Interreg matfinanzéiert.

Well déi privat Haltung vun Ieselen iwwer d’Joren zougeholl huet, ass fir de Veräin och d’Opklärung ëmmer méi wichteg ginn. Eng aartgerecht Haltung wier den A an O, betount d’Presidentin vun den Ieselsfrënn Lëtzebuerg, Pascale Hoffmann. En Iesel wier eben net just do, fir am Gaart d’Wiss ze friessen. E misst erzu ginn, en dierf net eleng gehale ginn an en dierf och net einfach drop lass friesse gelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO