CGDISZwee Accidenter mat am Ganze véier Blesséierten op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Aus dem 112-Bulletin geet ervir, dass et e Samschdeg den Owend zweemol gerabbelt hat.
© RTL Archivbild

Wéi de CGDIS mellt, war kuerz virun 17:30 Auer een Auto tëscht der Bleesbréck a Bettenduerf accidentéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 19:15Auer sinn zwee Autoen tëscht Steeën a Schieren frontal anenee gerannt. Dobäi goufen dräi Persoune verwonnt an um03:45 Auer waren d'Pompjeeën nach eng Kéier zu Walfer beim Walferbierg am Asaz. Hei hat een Auto gebrannt. Et blouf awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO