Auto géint Mauer respektiv géint LeitplankZwee Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegmoien goufen et zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten op eise Stroossen.
© Laurent Weber

Kuerz no 6 Auer krut en Automobilist mat sengem Gefier op der N5 tëscht Rodange an Aubange eng Mauer ze paken. D'Pompjeeën an d'Secouriste vu Péiteng waren hei am Asaz.

Géint 6.30 Auer ass dann en Auto tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz an d'Leitplank gerannt. D'Pompjeeë vu Réiser a Beetebuerg waren hei op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanciere vun Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO