Police fënnt Hummer, Briecheisen a KagullZwee Brigangen no Abrochversuch a Bijouterie zu Esch gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut an der Nuecht op en Dënschdeg zwee Männer gemellt, déi zu Esch an der Rue Dicks an eng Bijouterie abrieche wollten.
Dëst ass e Symbolbild.
© RTL

No enger Sichaktioun konnte béid Männer gestallt ginn, déi sech deen Ament tëscht geparkten Autoe verstoppt haten. Versicht ze verstoppen hate si och en Hummer, e Briecheisen an eng Kagull. Dëst huet d’Police awer net wäit ewech entdeckt a bei der Fouille goufen dunn och nach kleng Quantitéite Kokain an Amphetaminne séchergestallt. D’Personalië goufen opgeholl an et gouf e Protokoll souwéi eng Plainte, wéi et weider vun der Police an hirem Bulletin heescht.

Weider Abréch zu Garnech an an der Gemeng Parc-Housen

E Méindeg am Nomëtteg waren Onbekannter an en Eefamilljenhaus zu Garnech agebrach. Iwwer eng Terrassendier sinn d’Brigangen an d’Haus komm an hunn d’Raim op Wäertsaachen duerchsicht. An der Gemeng Parc-Housen waren déi Onéierlech duerch eng Fënster am Wantergaart an en Haus erageklomm. Och do goufen d’Zëmmeren duerchwullt a Boergeld geklaut.

Back to Top
CIM LOGO