Gréisser Quantitéit Droge bei Perquisitioun fonntZwee Drogendealer zu Wilwerdang festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet d'Police zu Wilwerdang en Haus vu presuméierten Drogendealer duerchsicht an dobäi eng gréisser Quantitéit Droge séchergestallt.
Symbolfoto, wéi Beamte vun der Police Lëtzebuerg eng Persoun festhuelen.
© Laurent Weber

En Dënschdeg den Owend gouf et eng Perquisitioun an engem Haus zu Wilwerdang, an deem presuméiert Drogendealer wunnen. Op der Plaz hunn d’Beamte vun der Police eng gréisser Quantitéit Droge fonnt, déi séchergestallt goufen.

Donieft goufen zwee Verdächteger ugetraff, déi op Uerder vum Parquet festgeholl goufen. E Mëttwoch hate si Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO