Zu Rodange an zu RëmelengZwee Leit festgeholl, déi anerer mat Messer blesséiert hunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwou Festnamen no zwou Kierperverletzungen. Dat zu Rodange an zu Rëmeleng.

Wéi d’Police schreift, ware si kuerz viru Mëtternuecht an der Nuecht op e Sonndeg an d’Lonkecher Strooss op Rodange geruff ginn, well eng Persoun mat engem Messer um Réck blesséiert gouf. Éischten Erkenntnisser no koum et an engem Café zu engem Sträit tëscht dem Affer an dem Täter. Zu der Kierperverletzung wier et dunn op der Héicht vun der Gare zu Rodange komm. D’Affer koum an d’Spidol an den Täter, deen am Kader vun enger Sich lokaliséiert konnt ginn, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an huet e Sonndeg am Nomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Eng weider Kierperverletzung gouf et um fréie Sonndegmoien. Méi genee gouf d’Police géint 2.20 Auer wéinst enger Ausernanersetzung virun engem Café zu Rëmeleng alarméiert. Och hei gouf eng Persoun mat engem Messer verwonnt. Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, koum et zu engem Sträit tëscht zwee Männer, déi an eng Kläpperei iwwergoung. Nodeems déi zwee virop getrennt konnt ginn, huet den Täter d’Affer schlussendlech mat engem Messer ugegraff. D’Affer ass doropshin an d’Spidol gaangen. D’Messer konnt net wäit vum Café ewech fonnt a séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf och hei de Verdächtege festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO