
Géint 21.45 Auer hat et zu Stengefort an enger Kiche gebrannt. D’Pompjeeë vu Stengefort-Käerch, Habscht a Mamer, grad sou wéi d’Ambulanz vu Stengefort-Käerch waren op der Plaz.
Kuerz no Mëtternuecht hate sech op der Helfenterbréck zwee Gefierer ze pake kritt. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Mamer waren do am Asaz, eng Persoun ass bei deem Accident verwonnt ginn.
E weidere Blesséierte gouf et no engem Accident op der A13, wéi géint 2.15 Auer op der Héicht vu Keel zwee Autoen anenee gerannt sinn. D’Rettungsekippë vu Keel, Esch a Rëmeleng waren op der Plaz.
No 2.30 Auer waren zu Rued-Sir Gaardemiwwelen a Brand geroden. D’Pompjeeë vu Mensder hu sech drëms gekëmmert.
Op der Tréierer Autobunn A1 a Richtung Stad war kuerz virun 7.30 Auer e Gefier an d’Leitplanke gerannt. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt, d’Pompjeeë vun Hesper an d’Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
An zu Ettelbréck an der Avenue J-F- Kennedy hate géint 7.45 Auer d’Iwwerreschter vu Freedefeier gebrannt. D’Pompjeeën haten de Problem séier am Grëff.