Mat engem Bagger gouf d‘Fassad aus Leem vun de verbrannte Container erofgekraazt. E lokalen Entrepreneur ass dofir stënterlech op d‘Plaz geruff ginn. D‘Stréi, dat an där Leem-Fassad verbaut ass, huet nämlech ëmmer weider gedämpt, wéi den zoustännege Kommandant vum CGDIS Yves Vesque erkläert:
„De Bagger kënnt fir déi Fassad, déi aus Leem a Stréi besteet, erofzehuelen, fir dass mir direkt un de Container un déi metalle Wand drukommen. Wärenddeem de Bagger déi Fassad erofhëlt, sinn d‘Pompjeeën am Gaangen, Noläschaarbechten ze maachen.“
Wéi et zu dësem Feier konnt kommen, muss elo gekläert ginn. Och haut waren erëm d‘Enquêteure vun der Police judiciaire op der Plaz. Allgemeng ass d‘Zukunft vum Benu Village awer ongewëss. Dat och well net kloer ass, wiem d‘Gebaier um Terrain vun der Gemeng iwwerhaapt gehéieren, esou den Escher Buergermeeschter Christian Weis. Mëtt Dezember koum d‘Urteel vum Geriicht fir d‘Liquidatioun vun der Benu Village ASBL.
„Liquidatrice muss nach klären, wat geschitt mat deem, wat nach drop steet. Bedeit dat fir si, dass dat, wat um Terrain steet, automatesch bei eis fält, probéiert si nach dat Bescht erauszezéien aus de Containeren an aus deem, wat dran ass, fir do, wou nach Scholde vun der ASBL sinn, déi kënnen ze begläichen.“
Am Januar ass dofir eng Reunioun tëscht der Gemeng an der Liquidatrice geplangt. Vum Gebai, dat an Tëscht zwee Mol gebrannt huet, wäert dem Buergermeeschter no awer eleng schonn aus Sécherheetsgrënn kaum nach eppes iwwreg bleiwen.
E Grupp vu ronn 20 Leit, déi am Benu Village geschafft hunn, huet sech elo zesummegedoen an huet wëlles, de Projet nei ze lancéieren. Dës Kéier mat flaachen Hierarchien an andeems esouwuel d‘Leit aus dem Quartier ronderëm wéi och d‘Mataarbechter méi an de Projet mat agebonne ginn. A verschiddene Medie war ze liesen, dass awer och nach aner Organisatiounen Interessi um Site hunn. De fréiere Benu-Mataarbechter Marc Gemeinhardt ass awer trotzdeem optimistesch, dass d‘Gemeng de Projet nach eng Kéier géif ënnerstëtzen.
„Mir sinn zouversiichtlech an deem Sënn, dass mir eis an der Matière schonn auskennen an dass mir och de Site kennen. Ech mengen, dat si warscheinlech déi zwee grouss Pluspunkten, déi mir kënne bidden. Wat e Minuspunkt ass, ass, dass mir elo eng nei Associatioun musse grënnen fir d‘éischt an da mussen opbauen. Ech hunn nach vu kenger anerer ASBL héieren, déi sech fir de Site interesséiert, mä anscheinend huet d‘Gemeng esou Informatiounen.“
D‘Mataarbechter vum Benu Village kruten am Dezember alleguer gekënnegt a verléieren deemno Enn Februar offiziell hir Aarbechtsplaz. Déi 20 engagéiert Leit ginn deemno och e Risiko an, dass si op eng Neioplo vum Projet hoffen.