125. Joer "Graf Dracula"1.369 verkleet Vampire stellen neie Guinness-Rekord op

RTL Lëtzebuerg
Den Ir Bram Stoker huet fir säi berüümte Roman "Dracula" een eenzege Grof a Vampirgestalt erfonnt. Fir den 125. Gebuertsdag koumen 1.369 Fans zesummen.
D'
D’
© AFP/OLI SCARFF

125 Joer no der Publikatioun vum Gruselroman “Dracula” hu sech méi wéi 1.300 mënschlech Bluttsauger en Donneschdeg den Owend virun de Ruine vun der Abtei Whitby am englesche Yorkshire versammelt, fir de fréiere Guinness-Weltrekord vun 2011 ze toppen.

D’Reegele ware streng: All Participant huet misse schwaarz Schong, schwaarz Boxen oder Kleeder an e schwaarze Cape unhunn an natierlech duerften déi spatz Eckzänn am Uewerkifer net feelen. Donieft hu si sech fir op d’mannst 5 Minutte laang missen op enger Plaz versammelen, fir gezielt ze ginn.

D’Organisateure vun der Denkmalverwaltung English Heritage hunn um Schluss vum Event den Hobby-Vampire fir hiren erfollegräichen Asaz Merci gesot. Fir den alen Dracula-Rekord hate sech am Ganzen 1.039 Participanten zu Doswell am US-Bundesstaat Virginia zesummefonnt.

D’Geschicht vum Grof Dracula war 1897 eng éischte Kéier verëffentlecht ginn. Inspiréiert gouf den iresche Schrëftsteller vun engem fréiere Klouschter an der Hafestad Whitby aus dem 11. Joerhonnert. Op den Numm Dracula ass de Bram Stoker duerch e Buch iwwert e Grand-Duc aus dem 15. Joerhonnert aus Rumänien komm, dee senge Feinde Péil an der Kierper gerammt soll hunn.

Back to Top
CIM LOGO