No D-Day-Zeremonie100 Joer alen US-Veteran bestit sech an der Normandie

RTL Lëtzebuerg
Den Harold Terens ass virun 80 Joer als US-Zaldot an der Normandie gelant. E Samschdeg wëll hie seng Partnerin Jeanne Swerlin genee do bestueden.
© Win McNamee / Getty Images North America via AFP

Zu Carentan-les-Marais an der Géigend vun de Plagen, op deenen déi Alliéiert de 6. Juni 1944 gelant sinn an de Wee fir eng Victoire géint Nazi-Däitschland fräigemaach hunn, wëll den 100 Joer alen Harold Terens senger 96 Joer aler Partnerin Jeanne Swerlin d’Jo-Wuert ginn.

No der offizieller Hochzäit wäert den Terens mat “senge Léifsten an engem klenge Krees” feieren, wéi déi Responsabel fir d’D-Day-Gedenkfeieren zu Carentan-les-Marais, d’Sarah Pasquier, der Noriichtenagence AFP erkläert huet. Wann den Harold Terens no der Feier net ze midd wier, wier hien e Samschdeg am Nomëtteg nach bei enger Parad vun de Veteranen am Zentrum dobäi, souwéi op engem Bal, bei deem sech am Stil vun den 1940er gekleet gëtt. “Mä den Här Terens a seng Fra kéinten ze midd sinn, fir dobäi ze sinn”, erzielt d’Pasquier.

“Mir fillen eis immens geéiert, datt den Här Terens sech dofir decidéiert huet, sech hei zu Carentan ze bestueden”, sot de Buergermeeschter vun der Stad, de Jean-Pierre Lhonneur. “Mir wäerten him natierlech Schampes proposéieren, mä och e Kaddo iwwerreechen, fir him dofir Merci ze soen, datt hien un der Befreiung vu Frankräich bedeelegt war.”

© Win McNamee / Getty Images North America via AFP

Back to Top
CIM LOGO