Brandenburg13 Joer ale Jong fënnt Granat an hëlt se mat Heem

RTL Lëtzebuerg
Nodeems een 13 Joer ale Jong aus Brandenburg eng Granat fonnt huet, huet e se mat Heem geholl. Seng Elteren hunn doropshin direkt d'Police kontaktéiert.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Wéi d’Police e Mëttwoch matgedeelt huet, hat de Jong d’Granat en Dënschdeg wuel an der Géigend vun engem Séi fonnt a se doropshi mat Heem geholl. D’Eltere ware sech der Gefor direkt bewosst an hunn ouni ze zécken d’Police geruff, nodeems se d’Granat op engem Parking ofgeluecht haten.

Eng speziell Unitéit vun der Police huet d’Granat schlussendlech an engem Bësch gesprengt.

Back to Top
CIM LOGO