Rheinland-Pfalz15 Glacë geklaut, du mam Aarm am Automat hänke bliwwen

RTL Lëtzebuerg
Gurmangsegkeet gëtt bestrooft. Dat war op alle Fall zu Bellheim de Fall, nodeems dräi Jugendlecher eng grouss Quantitéit Glace matgoe loosse wollten.
© AFP/Archiv/Ahmad GHARABLI

Den Trio huet sech net geschéckt ugestallt beim Klauen, wéi d’Police e Samschdeg mellt. Wéi d’Beamten op der Plaz waren, hu sech zwee vun hinnen aus dem Stëbs gemaach, een drëtte Jugendlechen ass allerdéngs mam Aarm am Automat hänke bliwwen a gouf esou vun der Police gepëtzt.

Nodeems déi zwee Onéierlecher de Malheur vun hirem Frënd matkritt hunn, si si zeréck op d’Plaz komm, wou d’Beamte schonn op si gewaart hunn. Wéi sech erausgestallt huet, hate si net nëmme 15 Glacë geklaut, ma och nach verbuedent Material dobäi.

Géint si gëtt elo ënnert anerem wéinst Déifstall a Verstéiss géint d’Waffegesetz ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO