Musek, Feiershow a Cabaret16. Editioun vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass
Déi 16. Editioun vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass gouf e Freideg den Owend agelaut.
16. Editioun vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass (8.11.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Schlasspark huet sech wärend dräi Deeg nees an eng magesch Wanterwelt verwandelt, mat enge ronn 50 Exposanten – Konschthandwierk, Gaardenartikelen a Villes méi. Et gouf donieft och allerlee Schneekegkeeten.
Als spezielle Bonbon gouf et e Freideg den Owend um 20.00 Auer eng Droneshow, fir de feierleche Start ze markéieren. Donieft huet déi lëtzebuergesch Band Afrobeathoven an engem vun den zwee groussen Zirkuszelter de Showprogramm lancéiert.
16. Editioun vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass (9.11.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Iwwer de Weekend waren eng 200 Artisten a Museker am Asaz an hunn zum Deel och fir Iwwerraschungsmomenter matzen an de Leit gesuergt.
Wanterfeeling beim Suessemer Schlass
Déi 16. Editioun vum Wanterfeeling gouf e Freideg den Owend agelaut.
LINK: Weider Informatioune fannt Dir um offiziellen Internetsite