
5-29-33-39-42 esou wéi d’Stären 3 an 9 huet et gebraucht, fir déi 178 Milliounen ze gewannen. An déi Zuelen hat e franséische Spiller op sengem Schäin stoen.
Et ass iwwregens schonn dëst Joer den zweete grousse Gewënn, deen un eis Nopere gaangen ass. Am August konnt eng Tippgrupp vu fënnef Frënn aus Frankräich sech iwwer 250 Millioune freeën, dee gréisstméiglechsten Jackpott am Euromillions. Déi Zomm gouf bis ewell dräi Mol gewonnen, eng Kéier nach an Irland an eng Kéier an Éisträich.