
De Gerhard Schröder ass wuel Affer vu Konschtdéiwe ginn. Wéi e Porte-parole vum däitsche Parlament e Freideg matgedeelt huet, hätt den Altkanzler scho leschte Méindeg Plainte gemaach, well aus dem Gank dräi Biller verschwonne sinn. Deemno wieren et zwee Holzdréck vum Moler a Grafiker Uwe Bremer gewiescht, grad ewéi eng Grafik vun engem net genannte chineesesche Kënschtler.
De Büro vum Schröder ass am Otto-Wels-Haus, dat e puer honnert Meter ewech vum däitsche Bundestag ass. Dem “Stern” no houngen d’Wierker 16 Joer laang am ëffentlech zougängleche Beräich vum Gebai. Wéi ee Wäert d’Konschtwierker haten, konnt de Spriecher net soen.