
D’Déiere ware ronn 4 Méint al a goufen an Transportkëschte fir Kaze virun engem Déierepark am Süde vu Frankräich ausgesat.
Viru Geriicht hunn déi Ugekloten erkläert, d’Déiere vun engem franséische Rapper kritt ze hunn, fir se ze verkafen. Poliziste vu Metz, déi an där Affär enquêtéiert hunn, haten esou gemaach, wéi wa si potenziell Keefer wieren. Ma wéi d’Transaktioun dunn net zustane komm ass, hätten déi dräi Männer kuerzerhand decidéiert, d’Déieren auszesetzen, esou d’Explikatioun vun hirem Affekot.