
Wéi et vun offizieller Säit heescht, wier de 40 Joer ale Mann net fir d’éischt opgefall. Hien hat sech virdru schonn e puer Mol den Autoritéite widdersat.
Den onasiichtegen Awunner sollt no enger Visitt an engem als “héichriskant” agestuuften Akafszenter u sech doheem bleiwen, hien hätt seng Wunneng awer e puer Mol verloosse a wier an der Noperschaft spadséiere gaangen. Spéider gouf hien, ma och seng Fra positiv op e Virus getest. Doropshin hu sech missten eng 5.000 Noperen bei sech doheem isoléieren, 250 Weiderer koumen a Quarantänzenteren.
China setzt jo strikt op eng Null-Covid-Strategie mat laangen Ofspärungen, Massentester a laange Quarantänzäiten. Verstéiss géint d’Virschrëfte ginn haart bestrooft. Och géint dëse Mann huet d’Police Ermëttlunge lancéiert.