
Wier et net schéin, wann et Sue reene géing? Fir Awunner vun engem Héichhauskomplex zu Mainz ass deen Dram an Erfëllung gaangen - wann och net fir laang. Geldschäiner am Wäert vun op d’mannst 50.000 Euro sinn aus der Fënster vun engem vun den Haiser geflunn.
Wéi d’Police mellt, hunn eng Partie Awunner dat “aussergewéinlecht Onwieder” e Méindeg gemellt a souguer schonn e fënnefstellege Betrag agesammelt an un d’Police ginn. Eng Spriecherin huet och betount, datt et net erlaabt ass, d’Schäiner a seng eegen Täsch ze stiechen. Dat wier Ënnerschloe vu verluerene Saachen a géing eng Geld- oder souguer Prisongsstrof an Däitschland mat sech zéien.
Wiem d’Sue gehéieren, ass bis ewell net gewosst. Sollt de Proprietär sech net am Laf vum Dënschdeg mellen, ginn d’Sue bei de Service des objets trouvés vun der Stad Mainz bruecht. De Besëtzer kann d’Geld da géint d’Virweise vun engem entspriechenden Noweis siche goen.
Onkloer ass der Police no, aus wéi engem Gebai d’Schäiner geflu sinn a wisou een d’Suen aus der Fënster geheit huet. “D’Spekulatioune gi vu Suen déi an engem Kappkëssen agebitzt waren, dat beim Oprëselen aus Versinn opgaangen ass, bis hin zu Geld, dat vun enger Strofdot kënnt”, heescht et vun der Police.