
Koppele vun ënnerschiddleche Konfessiounen haten heirun deelgeholl. Organiséiert goufen d’Hochzäite vum Lincoln Center, d’Zeremonië goufe vun engem Imam, engem Rabbiner an enger Paschtouesch duerchgefouert.
Vill vun de Koppele missten immens laang op hir Dramhochzäit waarden. Sou och d’Erica Hackman, déi sech de 24. Mäerz 2020 op Hawaii bestuede wollt, dëst dunn awer wéinst der Pandemie am klengste Krees maache misst, wéi si géigeniwwer AFP verroden huet.
Eng méi traureg Virgeschicht hat déi 59 Joer al Anne-Marie Colon, déi eleng a mat just enger Foto vun hirem Verloobte Louis Steven do war. Si wollte sech zu Aruba bestueden, am Abrëll 2020 ass hien dunn awer u Covid-19 gestuerwen.