Portmonni um Autosdaach vergiess70 Joer ale Mann gëtt 1.300€ bei der Police of

RTL Lëtzebuerg
Zu Zweebrécken a Rheinland-Pfalz, net wäit vu Saarbrécken ewech, huet en éierleche Mann d'Borgeld schéi propper opgesammelt an d'Suen bei d'Police bruecht.
© JAVIER SORIANO AFP

E Freideg an der Mëttesstonn huet e 54 Joer alen Mann säi Portmonni op den Daach vu sengem Auto geluecht an huet dëse wuel vergiess. Wéi deen nämlech fortgefuer ass, louch dësen ëmmer nach do an ass kuerz drop natierlech vum Auto erof op d’Strooss geflunn. Déi vill Suen, nämlech 1.300 Euro, hu sech beim Eroffalen op der Strooss verdeelt.

“Amplaz onerlaabterweis an d’Täsch ze stiechen, huet dee 70 Joer ale Mann Zivilcourage gewisen, d’Schäiner agesammelt an huet se dunn op de Policebüro bruecht”, sou d’Police, déi d’Verhale vum éierleche Mann lueft.

D’Beamte konnten deemno de Proprietär opdreiwen. Dëse war natierlech extreem frou, dass hie säi Geld net lass war an ass d’Wäertgéigestänn bei der Police ofhuele gaangen, esou d’Police weider.

*Säitens der Agence gouf ufanks vun enger 70 Joer aler Fra geschwat, nodréiglech gouf dat awer corrigéiert. Dowéinst gouf och den RTL-Artikel dozou ugepasst. Et huet sech hei ëm e 70 Joer ale Mann gehandelt.

Back to Top
CIM LOGO