Lycée Émile Metz7ème-Schüler loosse Ballon an d’Stratosphär fléien

Rosa Clemente
E Schoulprojet, bei deem déi Jonk nei Experimenter maachen an d'Léift zur Wëssenschaft an der Aviatioun entdecken.
7ème-Schüler loosse Ballon an d’Stratosphär fléien
E Schoulprojet, bei deem déi Jonk nei Experimenter maachen an d’Léift zur Wëssenschaft an der Aviatioun entdecken.

Ee GPS, zwou GPS-Kaarten, eng Kamera, an eng Gruppe-Foto. Alles dat passt an d’Styropor-Këscht, un där d’7ème-Schüler aus dem Lycée Émile Metz zesumme mat hiren Enseignantë geschafft hunn.

Et ass eng Sonde, déi unhand vun engem Ballon an d’Loft fléie soll, an dat bis op bal 40 Kilometer Héicht. Et ass ee Projet, dee wäit am Viraus huet missen organiséiert ginn; nieft vill Planung, mussen och eng Rei Autorisatiounen ugefrot ginn, virun allem wat d ‘Fléien iwwert Lëtzebuerg an d’ Nopeschlänner ugeet.

Et ass déi drëtte Kéier, datt Schüler aus dem Lycée Émile Metz ee Projet an dëser Aart maachen.

Back to Top
CIM LOGO