Fir de gudden Zweck8 Joer jonke Kéiseker-Fan fiert 1.600 km mam Vëlo

RTL Lëtzebuerg
De klengen Harry Peksa huet Igelen esou gären, datt hien de laange Vëlostour op sech hëlt, fir Spende fir de Schutz vun den Déieren ze sammelen.

Well den Harry d’Däreldéieren “esou süüss” fënnt, huet den aacht Joer ale Bouf sech zesumme mat sengem Papp vu Cornwall aus op de Wee a Schottland gemaach. Fir déi 1.000 Meilen hu si ee Mount Zäit ageplangt. Iwwert e Spende-Site si scho bal 2.200 Pond, also ronn 2.560 Euro, zesummekomm.

An och perséinlech huet de klengen Harry eppes vun der Rees: Parallel mécht de Jong nach e Ranking vun de beschte Fritten, déi hien um Wee ze probéiere kritt. “A ass d’Beschtnott an F déi schlechtst”, huet hien erkläert. “Mir hate schonn E-Fritten. Ma mir haten och dräifach frittéiert Fritten zu Washaway zu Cornwall - déi waren op jiddwer Fall Nott A.”

© Nick Peksa / PA

Back to Top
CIM LOGO